All episodes

41 min

#4 Op der Sich no Good Practices

Eis éischt dräi Episoden hu gewisen: Den éischten Aarbechtsmaart ass oft net un d'Besoine vu Leit mat enger Beanträchtegung ugepasst.

Trotzdeem ginn et Beispiller, déi weisen, dass et geet. Genee no sou Beispiller hunn d’Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal gesicht. A gelant sinn si beim Jessica Decker, Aide-Soignante bei Servior, a beim Tamara Schuster, wat bei der Gemeng Niederaanwen schafft.

Zesumme mat hire Patronen, dem Buergermeeschter vun Niederaanwen Fred Ternes an dem Steve Infalt vu Servior, erzielen si hir Good Practices. Zousätzlech erkläert Info-Handicap, wat eng Good Practice ausmécht.

D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-4-best-practices-einfacher-sprache

Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html
Chambre des...

47 min

#3 De Wee vum Inklusiounsatelier

All Mënsch huet seng Schwieregkeeten am Beruffsalldag.

Ma Mënsche mat Beanträchtegung hunn heiansdo e puer weider Erausfuerderungen. A fir si sinn d’Bedéngungen um Aarbechtsmaart heiansdo einfach net passend. Dat, wéinst dem Stress, dem Kaméidi oder nach dem héije Leeschtungsdrock.

Feelend Upassungen um Aarbechtsmaart sinn e puer vun de Grënn, firwat et d’Inklusiounsateliere ginn. Dëst ass awer keng Beschäftegungstherapie – et sinn Entreprisen, déi héichwäerteg Produkter hierstellen, esou d’Christine Zimmer, Directrice vun Info-Handicap, an der Episod. Och sollen déi duerch hire soziale Volet d'Passerellen zum éischten Aarbechtsmaart erméiglechen, wei de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, ënnersträicht.

Um...

46 min

#2 Selbststänneg sensibiliséieren

Et ass net einfach, sech an d'Käpp vu senge Matmënschen ze versetzen.

Dat ass wouer, wann et ëm Emotioune geet, an nach méi, wa mir vu Beanträchtegunge schwätzen. Dofir ass Sensibiliséierung och sou wichteg, genau sou wéi Leit, déi aktiv dru schaffen.

Independanten, déi eng Beanträchtegung hunn, kënnen e Vecteur vu genee dëser Sensibiliséierung sinn - well si d’Erausfuerderunge vum Alldag kennen. Genau dat trëfft op d'Michèle Vallenthini, Conseilsmember vum Lëtzebuerger Journal a Grënnerin vun der Digital-Marketingagence Wild Solutions, an de Joël Schmit zou, deen d'App AutiHD entwéckelt huet.

Ma net nëmmen si: Och d'Christine Zimmer an den Andrea Di...

42 min

#1 Liewensaccidenter

Um Aarbechtsmaart feelt et nach vill u Bewosstsi géigeniwwer Mënsche mat enger Beanträchtegung. Obwuel mir alleguer enges Daags an deem Fall kéinte sinn. Déi meescht Leit sinn nämlech net mat hirer Beanträchtegung gebuer.

Och de Julien Gouttin, haut Kach an engem Atelier d'inclusion professionnelle, an d'Martina, fréier Iwwersetzerin an haut an der Pensioun, stounge fest am Liewen, ier si erausgerappt goufen. Fir de Start vun dësem Podcast hu mir si begleet.

Och d'Hëllefsstellunge gi beliicht: D'Christine Zimmer, Präsidentin vun Info-Handicap an den Andrea Di Ronco, Beroder bei Info-Handicap, soen eis, wat zum Sujet zu wëssen ass. An de Max Hahn,...

1 cm - Trailer

De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht no Leit, d'Kompetenze vu Mënschen mat enger Beanträchtegung ginn dobäi nach ze dacks vergies. De Podcast weist, mat wéi enge Barrièren si konfrontéiert sinn a wéi vill ongenotzt Potenzial et nach gëtt, fir d'Gesellschaft a fir d'Wirtschaft.